Kuerzt Flichtgebiet (#14311)

*Eemol a véieranzwanzeg Stonnen - mëttes - ze soen:

Ech bezeien, o mäi Gott, dass Du mech erschaf hues, fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech bekennen an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir, Deen, deen hëlleft a Gefor, Deen, deen duerch sech selwer ass.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

